SERVICER
EXPERTISEN
Mir bidden all Zorte vu Expertisen un:
- Fiichtegkeet Expertise
- Rëss Expertise
- Schued Bewäertungen vun allen Zorten
Feste Präis op Ufro
WÄERT SCHÄTZUNG
Dir wëllt Ären Immobilie verkafen awer Dir wësst net wat de reelle Wäert ass oder Dir hutt eng Offer kritt an Dir wëllt sécher sinn datt de Betrag richteg ass. Kontaktéiert eis a mir hëllefen Iech Är Immobilie zum richtege Maartpräis ze verkafen oder ze kafen.
ENERGIEPASS
Dir braucht en Energiepass an de folgende Fäll:
- Verkaf vun Ärem Haus / Appartement
- Transformatioun vun Ärem Haus / Appartement - Neibau vun engem Haus oder enger Residenz
- Fir Äert Haus / Appartement ze verlounen
Kontaktéiert eis fir Ären Energiepass ze bestellen Festpräis Energiepass Eefamilljenhaus 500 € HTVA
Expertisen
Wäert Schätzung
PROJECT MANAGEMENT
Dir wëllt en schlësselfäerdegt Haus kafen oder Dir wëllt en Immobiliëprojet realiséieren. Mat engem Expert op Ärer Säit berode mir Iech fir de Kaf oder de Bau oder d'Transformatioun vun Ärem zukünftegen Immobiliëprojet.
HOUSE FLIPPING
Mir kafen Äert Haus fir et ze renovéieren mat Respekt virun der Noperschaft an dem architektonesche Patrimoine vun eisem Land
ÉTAT DES LIEUX
Ären Neibau oder Projet läit no bei den Nopeschgebaier oder beréiert aner Objeten.
Fir Är Sécherheet erstellen mir een Inventar vun den ugrenzenden Gebaier virum Start vun Ärer Aarbecht.
Project Management
House Flipping
État des lieux
MATERIALANALYSE
Wann Dir mengt datt Äert Heem oder Immobilie Asbestfaser Isolatioun oder aner schiedlech Produkter enthält an Dir sidd besuergt, kontaktéiert eis w.e.g. Mir analyséieren all méiglech Materialien am Labo.
KAF BERODUNG
Wëllt Dir en neit Haus kafen awer sidd Dir besuergt iwwer verstoppte Mängel? Mir begleeden Iech wärend der Visite fir Iech ze beroden am Fall vun engem méiglechen Kaf vum Objet.
PRÄIS NEGOCIATIOUN
No eiser Kaf Berodung hutt dir iech entscheet eng Offer fir d'Immobilie ze maachen. Dir sidd iech awer net sécher wat dee richtege Präis ass oder wéi eng Verhandlungsbasis dir hutt? Loosst eis fir iech een Präis negociéieren mam Verkeefer. Mir kennen eis Expertise vum Haus benotzen fir dee Richtege Präis auszehandelen.
Materialanalyse
Kaf Berodung
AKTUELL BAUSTELLEN
Projet HÖWI
Projet HOKO
Projet NOS II
Projet BOE
OFGESCHLOSSEN PROJETEN
Ëmbau vun engem Duerfhaus
Ëmbau vun engem Herrenhaus
Ëmbau vun enger Molkerei
Ëmbau vun engem Baurenhaus
Ëmbau vun engem Bauerenhaff
Ëmbau vun enge Eefamilljenhaus
TRUST GROUP
Trust ass e Spezialist fir all méiglech Servicer am Bausecteur.
Eist Team vun Ingenieuren steet iech zur Verfügung fir Äntwerten ze fannen op all Är Froen iwwer Är Immobilien a Projeten.
Eis Experte beroden Iech op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch.
104 Rue de Neudorf
L-2222 Luxembourg